Hoerexpert zanter 48 Joer

FIRWAT SOLLT EEN EN HOEREXPERT BEOPTRAGEN?

D‘HOERDIAGNOS

Mat eisen HAIRVIEW-Diagnos- an Analyseapparater, déi vun eisen Ekippen no joerlaanger Fuerschung entwéckelt goufen, kënne mir zënter méi wéi 47 Joer ëmfaassend Hoeranalysen duerchféieren.

Mat eisem HAIRVIEW-Diagnosapparat kënne mir eng perséinlech an ëmfaassend Diagnos opstellen. De Mikroskop, d‘Kamera an déi speziell Software eméiglechen eis nämlech, genau ze wëssen, wéi et mat Ären Hoer, Ären Hoerknollen, awer och mat der Vitalitéit a Gesondheet vun Ären Hoer steet.

Dat Besonnescht un dëser Aart vun Diagnos ass eng dräifach Analys, déi e vollstännegt Bild vum Zoustand vun Ären Hoer vu bannen a baussen erméiglecht.
Mir ginn Iech e kloeren a präzisen Iwwerbléck iwwert d’Gesondheet vun Ären Hoer.

D‘HAIRVIEW-Diagnos gëtt vun engem vun eisen Hoerexperten an enger Eenzelkabinn oder engem Berodungsbüro duerchgefouert. Dës Diagnos dauert tëschent 45 Minutten an eng Stonn.

Soubal den Check-up ofgeschloss ass, kënne mir Iech effikass Léisunge proposéieren, déi un Ären Hoer an Ärem Budget ugepasst sinn.
Déi opgestallte Behandlung kann an engem vun eisen Instituter oder bei Iech doheem durchgefouert ginn.

All 4 bis 6 Wochen si Kontrollvisitë virgesinn, fir Ären Traitement ëmfaassend ze iwwerwaachen a sécherzestellen, dass en erfollegräich verleeft.

  • DRÉCHEN HOER AN DRÉCHENE SCHUBBER
  • EXTRA DRÉCHEN AFRO-HOER
    SÜDLÄNNESCHEN TYP
  • NORMAL HOER
  • ANTI-BASS

ÄREN TRAITEMENT DOHEEM

Alle eis Produkter bestinn zu 89 % bis 100 % aus natierleche Substanzen.
Eis Taitementer géint den Hoerausfall, déi ënner medezinescher Opsiicht getest goufen, hunn eng erwisen Effikassitéit vun:
• 99 % géint den Hoerausfall
• 86 % géint d’Veschlechterung
• 91 % géint dréchen Hoer an dréche Kapphaut
All eis Produkter ginn duerch eng Rei vu strengen Tester, ier se op de Maart kommen.
Sou kënne mir Iech Qualitéitsprodukter garantéieren, déi bei der Verwendung kengerlee Risiken duerstellen.

Mir bidden Iech mat eiser Gamm vun internen an externe Behandlungen iwwer 100 Produkter, déi sech fir all Hoer- a Kapphauttypen eegnen, onofhängeg vun der Diagnos.
All Aspekter vun der Kapphaut vum Patient bestëmmen de Choix vun der Behandlung: Geschlecht, Alter, Hoerlängt, zoufällegen oder ierflech bedéngten Hoerausfall, fetteg oder dréche Kapphaut, fettegen oder dréchene Schubber, fettegen Usaz, dréche Spëtzen, ongenügend Elastizitéit an och gebleecht, gefierft, dauergewellt oder defriséiert Hoer.
Eist Sortiment mat sénge villfältege Wierkstoffer ass dat EENZEGT, wat wierksam a passend Léisunge fir all Hoerprobleemer proposéiere kann.

• Getest op Aenirritatiounen
• Getest op Hautirritatiounen
• Getest op Kompatibilitéit a Stabilitéit
• Attest vun engem autoriséierten Toxikolog

ÄR TRAITEMENTER AM INSTITUT

All eis Traitementer kënnen an enger Eenzelkabinn an engem vun eisen Instituter durchgefouert ginn.
Am Institut schaffe mir mat eisen HAIPAD-Apparater.
Hir spezifesch Funktiounen, där hir Entwécklungen op eng ëmfaassend Fuerschung baséieren, déi gemeinsam vun den C2MC-Laboratoiren zu Monaco an der Clinique du Cheveu durchgefouert goufen, bidden Erfollegsgarantien, déi Dir a kengem aneren Institut fanne wäert.
D‘Clinique du Cheveu, déi säit 1974 fir hiert Fachwëssen am Hoerberäich bekannt ass, ass nämlech déi eenzeg, déi iwwert e sou en Apparat disposéiert.

Mir bidden Iech spezifesch Traitementer, déi sech fir all Diagnosen eegnen:
• Bekämpfung vum Hoerausfall, Aktivatioun vum Hoerwuessen, Vergréisserung vum Durchmiesser a vum Volume vun den Hoer.
• Regulatioun vun der Talgdrüsefunktioun a considerabel Reduktioun vun der Talgproduktioun.
• Behandlung vum Hoerausfall bei schubbereger, dréchener an ugespaanter Kapphaut, Reaktivéierung vun Elastizitéit, Glanz a Vitalitéit, a Reparatur vu geschiedegten Hoerspëtzen.
• Massagen an Drainagë mat 100 % natierlechen äthereschen Uelegen, déi d‘Vaskulariséierung vun der Kapphaut an d‘Sauerstoffversuergung vum Geweebe erméiglechen.

FANNT E SPEZIALISÉIERT INSTITUT AN ÄRER GÉIGEND

 

Et gëtt ëmmer eng Clinique du Cheveu an Ärer Géigend.

Dir hätt gär kloer a präzis Äntwerten op Ären Hoerprobleemer?
Waart net méi an huelt e Rendez-vous bei engem vun eisen Experten.
Dee wäert dee richtegen Traitement fir Iech fannen.

Eis Soin-Zentren

an der Welt

Eisen Online-Buttek

Är Soinen doheem

Partner ginn

en Institut opmaachen

Rekrutement

kommt an eis Ekipp