EIS GESCHICHT

48 Joer am Service vun der Hoerfuerschung an -exzellenz

D‘CLINERIENCE-Linn gëtt et zënter iwwer 47 Joer. Se ass dorop ausgeriicht, schnell Resultater ze liwweren a se ass extrem effikass.

Déi ganz CLINERIENCE-Produktlinn besteet zu 89 % bis 100 % aus biologeschen an natierleche Substanzen. All Produkter garantéieren en optimale Confort fir siichtbar unhalend Resultater, onofhängeg vum Hoertyp.

Eis Experten hunn eng Gamm entwéckelt, déi d‘Virdeeler vun de Planzen mat wëssenschaftlecher Expertis verbënnt. D’Resultat: Traitementer mat enger bewisener Wierksamkeet, déi d‘Kapphaut an d‘ Hoerfasere schounen.

Mir kënnen Iech no der Durchféierung von Aen- an Hautirritatiounstester ënnert der Opsiicht vun engem Toxikolog garantéieren, dass d‘CLINERIENCE-Produker net schiedlech fir Är Kapphaut sinn.

D’Effikassitéit vun eise Produkter, déi ënner medezinescher Opsiicht getest goufen, ass zu iwwer 95 % géint Hoerausfall, zu 86 % géint Hoerdegradatioun an zu 91 % géint dréchen Hoer erwisen.

Mat der Produktrei CLINERIENCE kënnt Dir all hoergebonne Problemer behandelen: Hoerausfall, ongenügend Seborrhoe, Fiichtegkeetsmangel, fettegen oder dréchene Schubber.

Mir bidden Iech och spezifesch Fleegeprodukter u fir d‘Behandlung vun den Hoerfaser, fir Volume a Glanz.

FIRWAT SOLLT DIR IECH FIR EIS EXPERTEN ENTSCHEEDEN?

Eis Experte féieren ëmfaassend Hoerdiagnosen duerch. Mat eisem Diagnosapparat HAIRVIEW, dee vun eisen Experten entwéckelt gouf an a Frankräich fabrizéiert gëtt, proposéiere mir Iech Léisungen, déi perfekt op Är spezifisch Kapphaut ofgestëmmt sinn.

All eis Produkter bestinn aus natierrlechen a biologesche Substanzen an erméiglechen eis, all Zort vun Hoerprobleemer ze behandelen an Är Hoer a Kappaut dobäi ze schounen.

Ier se op de Maart kommen, gëtt d‘Wierksamkeet vun eisen Traitementer, déi tëschent 86 % a 99 % läit, ënner medezinescher Opsiicht getest a vun eisen Toxikologen zougelooss.

D’Effikassitéit vun eiser Fleeg muss also net méi bewise ginn.

Eist internationaalt Netzwierk vun “Clinique du Cheveu – Hair Spa” – Instituter bitt Iech éischtklasseg Leeschtungen, mat deenen Hoerausfall an Hoerwuessen, Schubber an all Zort vu Kapphaut behandelt kënne ginn.
Vertraut der “Clinique du Cheveu”, déi zënter 47 Joer Ären Expert fir Hoerfleeg ass.
Mir fannen ëmmer eng perséinlech an effektiv Léisung fir all Är Hoerprobleemer.

Eis Soin-Zentren

an der Welt

Eisen Online-Buttek

Är Soinen doheem

Partner ginn

en Institut opmaachen

Rekrutement

kommt an eis Ekipp