Rechtlech Hiweiser

Rechtlech Hiweiser

Liest wgl. suergfälteg déi verschidden Notzungsmodalitéite vun dësem Internetsite duerch, éier Dir op senge Säiten navigéiert. Duerch d’Opruffe vun dësem Internetsite akzeptéiert Dir ouni Virbehalt dës Modalitéiten. Nom Artikel n°6 vum Gesetz n°2004-575 vum 21. Juni 2004 fir d’Vertraue vun der digitaler Wirtschaft, sinn d’Responsabel vun dësem Internetsite https://www.cliniqueducheveu.eu/lu-lb/ :

Editeur vum Internetsite:

ELITE COIFF

TVA: BE0449.566.888
Chefredakter: Pascal DECHAMPS
6A, Rue Plomcot – 6224 Fleurus
Telefon: 071/81.19.96
E-Mail: cliniqueducheveu@outlook.com
Internetsite: https://www.cliniqueducheveu.eu/lu-lb/

Hosting:

Host: OVH
2 rue Kellermann – 59100 Roubaix
Internetsite: www.ovh.com

Notzungsbedéngungen:

Dësen Internetsite (https://www.cliniqueducheveu.eu/lu-lb/) gëtt a verschiddene Web-Sproochen (HTML, HTML5, Javascript, CSS …) ugebueden, fir e besseren Notzungsconfort an e méi agreabele Grafikdesign, mir recommandéieren Iech, op ee vun de moderne Browseren wéi Internet explorer, Safari, Firefox, Google Chrome … zeréckzegräifen

ELITE COIFF setzt all d’Mëttel an, déi hir zur Verfügung stinn, fir eng zouverlässeg Informatioun an eng zouverlässeg Aktualiséierung vu sengen Internetsitten ze garantéieren. Feeler an Omissioune sinn awer net ausgeschloss. De Benotzer muss sech bei iwwer d’Richtegkeet vun den Informatioune versécheren an all Ännerung um Internetsite mellen, déi hie fir nëtzlech hällt. ass op kee Fall responsabel fir d’Notzung vun dësen Informatiounen a Schied, déi direkt oder indirekt doraus ervirginn.

Cookien:

Den Internetsite https://www.cliniqueducheveu.eu/lu-lb/ kann Iech d’Akzeptéiere vun de Cookië fir Statistik- an Uweiszwecker froen. E Cookie ass eng Informatioun, déi vum Internetsite-Server, deen Dir consultéiert, op Ärer Festplack gespäichert gëtt. En enthält verschidden Daten, déi an enger einfacher Text-Datei op Ärem Computer gespäichert ginn op déi e Server zeréckgräift, fir Informatiounen ze liesen an ze späicheren. Verschidden Deeler vun dësem Internetsite fonctionéieren net ouni d’Akzeptéiere vun de Cookien.

Hypertext-Linken:

D’Internetsitte vun kënne Links op aner Internetsitten oder aner disponibel Ressourcen um Internet zur Verfügung stellen. Et ass fir ELITE COIFF net méiglech, dës Internetsitten, déi mat sengen Internetsitte verlinkt sinn, ze kontrolléieren. ass net fir d’Disponibilitéit vun esou externen Internetsitten a Quelle verantwortlech a garantéiert se och net.  Si kann net fir iergendwellech Schied haftbar gemaach ginn, egal vu wéi enger Aart, déi sech aus dem Inhalt vun dësen Internetsitten oder externe Quellen a virun allem aus deenen do zur Verfügung gestallten Informatiounen, Produiten oder Servicer oder aus der Notzung vun dësen Elementer, erginn. Déi mat dëser Notzung verbonne Risike leie voll a ganz an der Verantwortung vum Internetbenotzer, deen déi entspriechend Notzungsbedéngunge respektéiere muss.

D’Benotzer, d’Abonnéiert an d’Visiteure vun den Internetsitte vun kënne keen Hyperlink op dësen Internetsite ariichten ouni viregt ausdrécklech Autorisatioun vun ELITE COIFF.

Fir de Fall, datt e Benotzer oder e Visiteur en Hyperlink op engem vun den Internetsitte vun ELITE COIFF ariichte wëll, muss hien eng E-Mail un den Internetsite schécken, fir seng Ufro fir d’Ariichte vun engem Hyperlink ze formuléieren. ELITE COIFF behält sech d’Recht vir, en Hyperlink z’akzeptéieren oder ze refuséieren, ouni seng Decisioun justifiéieren ze mussen.

Zur Verfügung gestallte Servicer:

 

ELITE COIFF ass bestrieft, esou prezis Informatioune wéi méiglech um Internetsite https://www.cliniqueducheveu.eu/lu-lb/ zur Verfügung ze stellen. D’Renseignementer um Internetsite https://www.cliniqueducheveu.eu/lu-lb/ sinn net vollstänneg an d’Fotoen net kontraktuell. Si ginn ënner Virbehalt vun Ännerungen zanter hirer Mise en ligne ginn. All d’Informatiounen, déi um Internetsite https://www.cliniqueducheveu.eu/lu-lb/ ze fanne sinn, déngen als Informatiounszwecker a kënnen ouni Virukënnegung evoluéieren oder geännert ginn.

Vertraglech Beschränkunge vun den Donnéeën:

D’Informatiounen op dësem Internetsite sinn esou prezis wéi méiglech an den Internetsite gëtt reegelméisseg am Joer aktualiséiert, kann awer Ongenauegkeeten oder Omissiounen hunn. Falls Dir eng Lacune, e Feeler oder en eventuellen Dysfonctionnement bemierkt, da mellt eis dat wgl. iwwer E-Mail op d’Adress cliniqueducheveu@outlook.com a beschreift eis esou genee wéi méiglech wat de Problem (Säit, déi e Problem duerstellt, de benotzte Computer-Typ a Browser …)

All erofgelueden Inhalter erfollegen op Risiko a Gefor vum Benotzer an ënner senger eegener Verantwortung. Esou kann net fir iergendwellech Schied um Benotzer sengem Computer oder iergendwellech Dateverloschter duerch d’Erofluede haftbar gemaach ginn. De Benotzer erkläert sech och domat averstanen, mat engem rezente Material op den Internetsite zouzegräifen, dat kee Virus huet a mat engem aktualiséierte Browser vun der neister Generatioun.

ELITE COIFF haft net fir déi am Kader vun dësem Internetsite ageriichten Hypertext-Links op aner am Internet verfügbar Ressourcen.

Geeschtegt Eegentum:

De gesamten Inhalt um Internetsite https://www.cliniqueducheveu.eu/lu-lb/, mat abegraff, awer net beschränkt op, d’Grafik, d’Biller, d’Texter, d’Videoen, d’Animatiounen, d’Téin, d’Logoen, d’GIFen an d’Ikonen an och d’Formatéierung sinn exklusiven Eegentum vun der Entreprise, ausser d’Marken, d’Logoen an d’Inhalter, déi anere Partnerentreprisen oder Auteure gehéieren.

D’Reproduktioun, d’Distributioun, d’Ännerung, d’Adaptatioun, d’Retransmissioun oder d’Verëffentlechung, och deelweis, vun dëse verschiddenen Elementer ass ouni ausdrécklech schrëftlech Autorisatioun vun ELITE COIFF strengstens ënnersot. Dës Representatioun oder Reproduktioun, op wéi eng Aart a Weis och ëmmer, gëtt als Fälschung ugesinn, déi no den Artikelen  L.335-2 a follgend vum Code de la propriété intellectuelle strofbar ass. D’Net-Anhale vun dësem Verbuet stellt eng Fälschung duer, déi déi zivil- a strofrechtlecht Verantwortung vum Fälscher no sech zéie kann.  Och kënnen d’Eegentemer vun de kopéierten Inhalter rechtlech Schrëtt géint Iech aleeden.

Deklaratioun bei der CNIL :

Nom Gesetz 78-17 vum 6. Januar 1978 (de 6. August 2004 geännert duerch d’Gesetz 2004-801 iwwer de Schutz vun den natierleche Persoune géintiwwer der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën), iwwer d’Informatik, d’Dateien an d’Fräiheeten, huet dësen Internetsite keng Deklaratioun gemaach bei der Commission nationale de l’informatique et des libertés (www.cnil.fr).

Litigen:

Dës Bedéngunge vum Internetsite https://www.cliniqueducheveu.eu/lu-lb/ ënnerleien dem belsch Recht an all Litige oder Kontestatioun, déi duerch d’Interpretatioun oder d’Ausféierung vun dëse Bedéngunge sech ergi kéinten, ënnerleien der exklusiver Zoustännegkeet vun de Geriichter vun deenen de Siège vun der Entreprise ofhänkt. D’Referenzsprooch, fir d’Reegelung vun eventuelle Litigen, ass Franséisch.

Perséinlech Donnéeën:

Allgemeng sidd Dir fir Är Visitt op eisem Internetsite  https://www.cliniqueducheveu.eu/lu-lb/. net verflicht eis Är perséinlech Donnéeën ze kommunizéiere.

Dëse Prinzip huet awer verschidden Ausnamen. Fir verschidde Servicer, déi vun eisem Internetsite zur Verfügung gestallt ginn, musst Dir eis eventuell verschidden Donnéeë kommunizéieren, z.B. Ären Numm, Är Positioun, den Numm vun Ärer Entreprise, Är E-Mail-Adress an Är Telefonsnummer.  Dat ass de Fall wann Dir de Formulaire ausfëllt, deen Iech online zur Verfügung gestallt gëtt, an der Rubrik „Kontakt“. Dir kënnt zu all Moment refuséieren Är perséinlech Donnéeën ze kommunizéieren. An deem Fall kënnt Dir net vun de Servicer vum Site profitéieren, virun allem dee fir Renseignementer iwwer eis Entreprise unzefroen oder fir Newsletteren ze kréien.

Mir kënnen och automatesch verschidden Informatiounen iwwer Iech bei enger einfacher Navigatioun op eisem Internetsite sammelen, virun allem: Informatiounen iwwer d’Notzung vun eisem Internetsite, wéi d’Zonen, déi Dir besicht an d’Servicer op déi Dir zougräift, Är IP-Adress, den Typ vun Ärem Browser, Är Zougrëffszäiten. Dës Informatioune ginn ausschliisslech fir intern Statistikzwecker benotzt, fir esou d’Qualitéit vun de Servicer ze verbesseren, déi mir Iech proposéieren. D’Datebanke si geschützt duerch d’Dispositioune vum Gesetz vum 1. Juli 1998 duerch dat d’Direktiv 96/9 vum 11. Mäerz 1996 iwwer de rechtleche Schutz vun den Datebanken gesat gouf.

 

Nos centres de soins

Dans le monde

Notre boutique en ligne

Vos soins à domicile

Devenir partenaires

Ouvrir un institut

Recrutement

Rejoignez-nous