ASSESSMENTS – ANALYSER 

KAPILLÄREN

WAT ENG HOERDIAGNOS BRÉNGT

Eng ëmfaassend Hoerdiagnos ass wichteg, fir de Probleem anzegrenzen a geeegent, effikass Traitementer proposéieren ze kënnen.

Mat eisem HAIRVIEW-Apparat, dee mat engem Mikroskop an enger spezieller Software ekippéiert ass, kënne mir geziilt d‘Hoerfaseren, d‘Kapphaut an d‘Hoerknollen ënnersichen.
Dës dräifach intern an extern Analys erméiglecht e vollstännege Bilan a garantiert Iech en individuelle Iwwerbléck iwwert Är allgemeng Hoersituatioun.

Vun deem Moment u si mir amstand, Iech eng adaptéiert a wierksam Fleeg ze proposéieren, déi de Bedierfnësser entsprécht, déi an der Diagnos festgestallt goufen.

An der Clinique du Cheveu gitt Dir mat enger individueller a perséinlecher Betreiung de gesamten Traitement iwwer optimal betreit.
Dësen Traitement ka souwuel an eisen Instituter als och doheem durchgefouert ginn.

Fir eng Hoerdiagnos ass et erfuerderlech, e Rendez-vous auzemaachen. Duerno fënnt e Gespréich vun ongeféier enger Stonn an enger Eenzelkabinn statt.

OFLAF VUN DER DIAGNOS

1

1

Analys vun der Kapphaut

Mat enger Mikrokamera préife mir den Zoustand vun der Kapphaut, fir en eventuellen externe Mangel ze erkennen (Hyperseborrhoe, Phtiriasis, iwwerméisseg Schubberbildung, Irritatiounen asw.).
Mat dëser Analys kann deen am beschte geeegenten Traitement festgeluecht gi fir d‘ Defiziter vun der Kapphaut ze behiewen.

2

2

Analys vun de Knollen ënnert dem Mikroskop

Hei ginn d‘Hoerknollen mat enger Mikrokamera gründlech ënnersicht fir e méigleche banneschte Mangel ze erkennen.
Dës Analys préift den Zoustand vun den Hoerzyklen a stellt en A/T-Verhältnis (anagen/telogen) op, wat eng Diagnos iwwert d‘Ausmoosse vum Defizit erméiglecht.

3

3

Virstellung vun de verschiedenen Traitementer

Dauer a Gesamtkäschten.

4

4

Erklärung vun den Traitementsprotokoller

5

5

Iwwerreechung vum perséinlechen Hoer-Bilan

E Rendez-vous

an engem Institut 
no bei Iech huelen

Eis Soin-Zentren

an der Welt

Eisen Online-Buttek

Är Soinen doheem

Partner ginn

en Institut opmaachen

Rekrutement

kommt an eis Ekipp